„Wa se Bio kafen, dann denken déi meescht Leit virun allem un d’Gesondheet.“ Dat war eng vun den éischten Informatiounen, déi ech vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft krut, wéi mer iwwerluecht hunn, wéi e Film mer eigentlech maache wéilten. De Wonsch war ze weisen, dass Biolandwirtschaft iwwert de Gesondheetsaspekt eraus nach aner Virdeeler huet, déi d’Leit net kennen.
Villes wosst ech schonn: Duerch Pestizide stierwen d’Insekten, fir de Soja dee mir eisen Notzdéiere verfiddere gi Reebëscher ofgeholzt, d’Produktioun vu Konschtdünger brauch extreem vill Energie an eng ze vill intensiv Kultur mécht, dass eis Biedem ëmmer manner fruchtbar ginn. Mir war kloer, dass déi Form vu Landwirtschaft, wéi mer se déi lescht Joerzéngte gemaach hunn, un hir Grenze stéisst. Wa mer eis natierlech Systemer weider esou iwwerstrapazéiere wéi bis elo, da riskéiere mer, geschwënn iwwerhaapt keng Liewensmëttel méi produzéieren ze kënnen.
An dëser Situatioun weise mer gär mam Fanger op d’Baueren. Et muss een awer gesinn, dass si joerzéngtelaang duerch d’Agrarpolitik encouragéiert goufen, fir eng Landwirtschaft ze maachen, déi vill a bëlleg produzéiert, op Käschte vun der Natur an vu sozialen Ongerechtegkeeten.
Biologesch Landwirtschaft kann eng Léisung vun all dëse Problemer sinn. Mee wa mer vun enger Ëmstellung am grousse Stil schwätzen, ass fir mech eng zentral Fro, ob mer mat 100% Bio genuch Liewensmëttel produzéiere kënnen, fir dass all d’Mënsche genuch z’iessen hunn.
Dacks hunn ech gelies, dass biologesch Landwirtschaft manner produzéiert wéi konventionell Methoden. Dat stëmmt fir eis Regiounen, awer fir vill aner Länner, zum Beispill an Afrika, ass et genee ëmgedréint. A mir produzéieren haut vill méi wéi mer brauchen. D’Argument, dass mer Bëscher ofholze missten, fir genuch Agrarfläche fir eng konsequent Biolandwirtschaft ze hunn,
schéngt op jiddwer Fall falsch.
Seriö Etüden, zum Beispill déi, déi 2010 vum Rapporteur spécial vun der UNO fir d’Recht op Ernärung, dem belsche Jurist Olivier de Schutter, publizéiert gouf, weisen, dass Bio d’Welt ernäre kann, souguer wa mer an noer Zukunft villäicht zu 10 Milliarde Mënsche sollte sinn. Aner Etüden, déi deem widderspriechen, ginn an der Reegel dovun aus, dass mir et net packen, d’Verschwendung vu Liewensmëttel vun haut ongeféier 40% op ronn d’Hallschent ze limitéieren. An dass d’Mënschen net kapabel sinn, hire Konsum un Déiereprodukter wéi Eeër, Mëllech a Fleesch ze reduzéieren. Well ronn dräi Véierel vun de Kalorien déi op eise Felder wuesse gi verluer, wa mer se net selwer iessen, mee un eis Notzdéiere verfidderen. De Pessimismus vun dësen Hypothesen deelen ech net.
Zanter kuerzem gesäit och d’Politik biologesch Landwirtschaft als Léisung fir villes wat ökologesch aus dem Rudder leeft. Als eng Produktiounsform, déi wierklech nohalteg ass a laangfristeg bestoe kann.
Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren wëll en Abléck an dës Landwirtschaft ginn, andeems de Film deene Leit d’Wuert gëtt, déi haut scho Bio liewen. Baueren, Wëssenschaftler, Händler a Virdenker deelen hiert Fachwëssen, si weisen eis hir Techniken a schwätze vun hire perséinleche Motivatioune fir eng „aner“ Landwirtschaft ze woen.
Dobäi gëtt och kloer, dass d’Baueren op eis all ugewise sinn. Als Konsumente kënne mir déi Betriber ënnerstëtzen, déi esou produzéieren, dass et der Natur, eisen Notzdéieren an eis all gutt deet. D’Landwirtschaft ass e groussen Hiewel um Wee an eng zukunftsfäeg Gesellschaft. Well iesse musse mer. An ëmmer wa mer Liewensmëttel akafe kënne mer matentscheeden, wéi produzéiert gëtt.
Tom Alesch,
Oktober 2022