D’SPILL ZUM FILM

An Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse – Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) gouf pedagogescht Material mat ënner anerem engem Spill ausgeschafft.

Enseignanten kënnen d’Spill op Heydoo.lu bestellen.

Dëst Kaartespill gräift verschidden Elementer déi am Film vu Buedem Bauzen a Biobaueren thematiséiert goufen op, an erlaabt et dës deelweis komplex Zesummenhäng a Wiesselwierkungen an der Biolandwirtschaft spilleresch mat Fachwëssen ze verdéiwen. D’Zil ass et, déi verschidden Aufgaben mat Hëllef vu Ressourcekaarten ze erfëllen. Onerwaart Evenementer huelen allerdéngs Afloss op d’Spilldynamik.

3-5 Spiller

Vun 12 Joer un

20+ Minutten

Glossar

De Glossar mat weideren Informatioune kënnt Dir hei downloaden.

Experimentéierkit Leguminosen

Knëllchebakteerien als Düngerersatz - En Experimentéierkit. D'Beschreiwung kënnt Dir hei downloaden.

Foto vum Experimentéierkit